Vacance de poste

wanted-01.jpg

D‘Asbl „Jugendtreff Déifferdang“ sicht fir hiert Jugendhaus zu Déifferdeng

en Éducateur gradué (f/m)

fir 40 Stonnen d‘Woch CDD fir ee Congé Maternité an Parental ze ersetzen

Wann Dir

  • Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch verstoen a schwätze kënnt,
  • Liichtegkeet am Ëmgang mat Jugendlechen hutt,
  • eegeverantwortlech schaffe kënnt,
  • Aktivitéiten a Projeten am Fräizäit-, Kultur- a Sportberäich realiséiere kënnt,
  • un enger ofwiesslungsräicher Aarbecht interesséiert sidd, 

da kënnt dir eis Är Kandidatur schécken.

Schéckt Är Demande mat CV, Foto, Extrait aus dem Casier judiciaire an enger Kopie vum Diplom bis spéitstens de 30ten Januar 2019 un

Jugendtreff Déifferdang asbl
TRAVERSINI Roberto
14, rue Roosevelt
L-4662 Déifferdang

Eng éischt Selektioun gëtt unhand vun den Dossiere gemaach.


 

15.01.2019

Schäfferot on Tour

Kommt laanscht an diskutéiert mat: 21. an 28. Januar | 11. Februar.

10.01.2019

Élections européennes – inscriptions

En tant que citoyen de l’Union européenne résidant au grand-duché de Luxembourg…