Douane III

 

 

 

Die eifrigen Beamten in Lasauvage (2)

 

 

 

Jean Diderich erzählt:

 

Et woaren zu Zoowaasch e puer Leit déi méi franséisch wéi d’Fransouse woaren. Eng Damm ass all Dag op Zoune gaang fir d’Baguette an d’Zoossiss fir hire Mann ze kafen. Do woar jo alles besser a méi bëlleg ! Et woar eng flott Fra, an d’Douanieren haten et op se ofgesinn. Si hu se richteg gepisakt. Sonndes hat eise Bäcker, de Jempi op an da si vill Fransousen hir Baguette bei hie kafe komm. Dat woar dee klenge Grenzverkéier.

 

Déi franséisch Douanieren haten ënner der Bréck en Haischen, mä se waren net dacks do. Enges Daags sinn ech mat menger Fra, et woar eréischt siwen Auer, do spadséiere gaangen. Bei der Bréck ass e klenge Wee iwwer d’Crosnière erop op de Fussballsterrain gaang. A mär si ganz stramm no eise Pabeiere gefrot ginn, genee 200 Meter vun der Schoul ewech. Ech hu gesot, da sollen se mat eis heem kommen, da kinnt ech hinnen eis Pabeiere weisen. Du hu se d’Saach si gelooss.

 

 

Mä dat allerschlëmmst woar d’Saach mam Magnetophon. Ech hat mengem Brudder vun Esch säin ale Magnetophon geléint. A mär hu wéi sou dacks de Bus fir op Däitschoth geholl, fir vun do aus op Zounen ze kommen. Op der Douane zu Oth klëmmt en Douanier an de Bus era kontrolléieren. De Bus woar struppevoll. Wat ech do hätt? Ech hunn dem gudde Mann dunn erklärt, ech misst duerch Frankräich fuere fir op Sauvage a méng Wunneng ze kommen. Dat ass einfach net an deem säi Kapp eragaangen. Ech hu misse mat op de Büro goen an dem grousse Chef dat erklären. Deen huet mer gesot, hie kënnt net gleewen, dass e Lëtzebuerger Schoulmeeschter keen Auto hätt a misst mat hirem Bus fueren. Déi Zäit huet de Bus mat menger Fra drann musse woarden an d’Passagéier woare guer net frou. Eng Véierelstonn huet dat gedauert. Et woar nach gutt, dass de Magnetophon wierklech en aalt Stéck woar, ganz zerschréipt a knaschteg.

 

 

 

Niklosdag hate verschidde Leit och Problemer. Vill Sauvager Leit hate Famill zu Zounen an zu Héiseng. An dann hu se missen iwwer d’Douane bei Baache Jang fueren. Deen Dag woar d’Douane bal ëmmer besat, an deemno wat fir en Hennes do woar, hunn d’Leit missen Taxen fir hir Kaddoë bezuelen.

 

 

 

Mär sinn och nach op d’Douane "um Bau" gefuer an hunn den Auto, de Fotoapparat an aner Apparater plombéiere gelooss, fir se kënnen spéider mat an aner Länner ze huelen.

 

All dat, kann ee sech haut net méi virstellen. Gott sei Dank huet déi Schengener Konventioun vun 1990 deene Schikanen en Enn gesat.

 

 

 

Informations