LËTZEBUERGER MUSEKFESTIVAL

 

De Comité des Fêtes vun der Stad Déifferdeng invitéiert op déi 2. Editioun vum « Lëtzebuerger Musekfestival VUN HIPPCHES OP HAAPCHES», an dat an der « Hall La Chiers », Samschdes, den 29. Oktober 2011 vun 18h00 un bis spéit an d’Nuecht. D’Diere gin ëm 17h00 opgespaart.

 

Vun 18h00 - 19h00 ass „Béier-Häppy Aua“, da gëtt et zwee fir een!

 

Eng hellewull Museksgruppen spillen hier eege Lidder mat Texter a lëtzebuerger Sprooch. All Zort Musek ass vertrueden, et geet vu Folk, iwer Rock an HipHop bis zum Häwi Mättel. Mat derbäi sinn:

 

BENNY & THE BUGS                                                                            

DE LÄB

MILLERMOALER

SÄITESPRONG

SERGE TONNAR & LEGOTRIP

SPACK-O-MAT

TËSCHEGAS

 

 

  

 

Spot deen um Radio leeft !  Op de Radio klicke fir ze lauschteren !

 

 

 

 

 

 

An engem uerëge Kader gëtt natierlech och traditionnel lëtzebuerger Kascht zerwéiert an nët ze vergiessen: eise gudde lëtzebuerger Béier!

 

Et gëtt ënner aanerem  Okult  a Wëllen Ourdaller VUM FAASS! 

 

De Virverkaf leeft ab den 9. September am Kulturbüro vun der Stad Déifferdeng an op www.e-ticket.lu.

 

 

 

 

Informations