Klouschter an Schlässer
D’Wahrzeechen vun Déifferdang
D’Gléckrad bleiwt beim Klouschter hänken, da beim Schlass a beim Gerlache-Schlass
Déifferdang gëtt fir d’éischt ernimmt an engem Schenkungsakt vum Mee 1235. Mat deem Akt vermécht den Alexander vun Zolwer de Schwesteren vun der Abtei Fontaine-Marie, déi e just gegrënnt hat en Haus, eng Millen an e Weier. Dat Klouschter gouw datselwecht Joer dem Orden vun den Zisterzienserinnen zougesprach. An sengem Testament iwerléist den Alexander vun Zolwer de Schwësteren vun « Differtingen » och eng Zomm vun 500 « livres ». Fontaine-Marie woar e grousst Klouschter,mat villen Dependenzien ronderem. Et ass haaptsächlech vun den Hären vun Zolwer gefördert ginn. Just nach hiert Haus fir d’Gäscht vum Klouschter ass Rescht bliwen, mämlech deen alen Deel vum heitegen Pflegeheim, dem alen Déifferdanger Spedol. D’Klouschter ass wéi esou vill anerer 1797 an der franzéischer Revolutioun opgeléist ginn. Durno hu räich Leit dra gewunnt. Dee leschten deen dra gewunnt huet, woar den Notaire Ed Reiffers. Am Joer 1929 huet d’Gemeng ënner dem Buergermeeschter Emil Mark et kaaft, fir dat éischt Déifferdanger Spëdol drann anzeriten. D’Gemeng huet et 1981 un de Staat verkaaft, deen doraus e Pflegeheim gemaacht huet.
En anert interessant Gebai, wat bis op den Ursprung vun eiser Stad zréckgeet ass d’Déifferdanger Schlass. Et ass schwéier ze soen, wéini dass et gebaut ginn ass. Et gëtt awer déi So vun der Fra vum Ritter vum Zolwerknapp, deen vum Tara geschloe ginn ass an deem seng Fra d’Erlaabnis vun deem Raubritter kritt huet, fir hire Mann ob dem Bockel souwäit ze droen, wéi et geet. Do kënnten se en neit Schlass opriten. D’Fra huet hire Mann op den Halsebockel geholl an den Iesel mat de Wertsaachen aus dem Schloss virun sech gedriwen. An engem Morast ass den Iesel ënnergaang an d’Fra konnt hire Mann nach just op en Hiwwel eropschleefen. Do ass dunn hiert neit Schlass opgerit ginn, nämlech dat heitegt Déifferdanger Schlass.
Deen éischte Schlasshär woar de Wilhelm, e Brudder vum Här vun Zolwer. Esou steet et an engem alen Dokument vun 1310. 1400 ass d’Rittergeschlecht ausgestuerwen, Wéi dunn nach d’Buerg vun Zolwer 1552 verbrannt ass, hunn sech déi Zolwer Hären definitiv zu Déifferdang an hirem Schlass etabléiert. Verschidden Adleger hunn an de Joren durno dra gewunnt. Schliesslech koum et ufanks 1900 an de Besëtz vun der « Deutsch-Luxemburgischen Bergwerks-und Hütten-Aktiengesellschaft », déi et als Casino fir Réceptiounen an als Gaaschthaus fir hire Besuch benotzt huet, Dat huet och d’HADIR gemaach an d’Arbed, bis d’Schlass dunn 1997 un d’Miami-University verlount ginn ass déi zanterhir do all Joer amerikanesch Studenten empfängt.
Et gouw awer nach en zweet Schlass zu Déifferdang an zwar d’Gerlache-Schlass. Do wou et stoung ass haut de Stadpark, deen jo och nach « Gerlache-Park » genannt gëtt. Dat Schlass ass wahrscheinlech am 16ten Jorhonnert gebaut ginn. Dee leschten, deen dra gewunnt huet woar den Alexandre de Gerlache de Waillimont mat senger Fra Louisa- Marie-Sidonie Ablay an hir 6 Kanner. Den Alexandre de Gerlache huet eng wichteg Roll an der Gemeng gespillt. Hien huet d’ »Société Anonyme des Hauts-fourneaux de Differdange » gegrënnt, déi d’Schmelz am Joer 1996 gebaut huet. Den De Gerlache woar Präsident vun der Gesellschaft an och Deputéierten. Wéi d’Schmelz am Joer 1900 an zolitt finanziell Schwieregkeete geroden ass, huet den de Gerlache de Verwaltungsrot verlooss. Am Joer 1908 ass e gestuerwen. En hat knapps 49 Joer. Seng Famill ass an d’Belsch geplënnert, wou d’Gerlachen hirstamen an d’Schlass ass eidel stoe bliwen. Am Ufank huet nach e Wiechter dra gewunnt. Durno ass et komplett verkomm. Dobäi hat den Alexandre et nach 1908 sou schéin renovéiert. Eréischt am Joer 1920 huet d’Gemeng d’Schlass an de grousse Park vun den Ierwen vum Alexandre de Gerlache ofkaaft, vrun allem fir onbedéngt noutwennegen Wunnraum ze schafen. D’Schlass gouw ouni weideres ofgerappt an een Deel vum Park gouw als neie Stadpark amenagéiert, nodeems de Stadpark op « Grouwen » duerch d’Galerien agefall ass an net méi ze gebrauche woar.
De Buergermeeschter Emil Mark hat op enger Rees vun der Stadmusek zu Interlaken eng Blummenauer gesinn. Déi huet him onheemlech gefall. En huet dofir gesuergt, dass esou eng Blummenauer an deen neie Stadpark komm ass. Den Auermécher Jean Schwickerath huet d’Auerwierk gebaut, dat deemools nach huet missen vun Zäit zu Zäit opgezu ginn. 1935 koum och den Zwerg derbäi, deen a séngem Pavillon all Véierelstonn mat séngem Himmerchen un d’Klacke geschloen huet. Et gëtt gesot, dass den Zwerg fir d’éischt gelaut huet, wéi de Buergermeschter Emil Mark den 22. Mee 1935 begruewe ginn ass.
Eier d’Schmelz gebaut ginn ass. Huet Déifferdang nach ganz anescht ausgesinn :
De Lucien Marc schreiwt an sengem Artikel : « Als die Schlote noch nicht rauchten » :
Virliesen Synd. D’Init. 1936 S.114








