Douane II

 


Die eifrigen Beamten in Lasauvage.

 

 


Dass die Zollaufsicht in einem Grenzdorf wie Lasauvage auch nerven kann, erzählt Jean Diderich, welcher von 1961 bis 1971 Lehrer in Lasauvage war.


“Lasauvage woar de Lëtzebuerger Douanieren hiert Spillfeld. D’Volante woar zimlech dacks do. Déi meescht woare cool. Mä do ass et e Chef ginn, deen séng Autoritéit onbedingt voll ausgespillt huet. An dat ass em eng Kéier an d’Box gaang.


Mäi Schwoer huet an der Direktioun vun der Eisebunn geschafft. An déi Beamten, zesumme mat deene vun der Stater Douane hunn all Joer Cognac an Armagnac am Grousse bestallt, gant offiziell, mat Dédouanement an Taxen. Ech hat mer 3 Liter reservéiert. Déi sinn ech owes bei hie siche gefuer a si géinz 10 Auer a mäi Garage am Schoulhaff eragefuer. Vum Garage bis op d’Trap sinn et ongeféier 50 Meter. Ech hat meng Bonbonne am Grapp, an dunn ass den Douanieren hir DS tëscht mech an d’Trap gefuer, si sinn aus dem Auto erausgesprongen an hu mech an engem strengen Toun gebaupst, wat ech do hätt. Ech sot voller Houfert : 3 Liter Armagnac. Deen hätt ech geschmuggelt a si géife mer deen elo konfiskéieren, hunn se behaapt. Ech konnt hinne laang a breet erklären, ech kéim elo eréischt vun Nidderkuer hir. Nee, si hätte mech gesinn, aus Richtung Zoune kommen, laanscht de Bäcker. Mir war wierklech virdrun e VW opgefall, dee queesch duerch den Haff gefuer war. Si hu mech mat deem verwiesselt.  Et woar näischt ze maachen, d’Diskussioun ass méi hefteg ginn. Dee jonken Douanier huet sengem Chef ëmmer erëm erklärt, ech wär dach de Schoulmeeschter an d’Saach wär scho richteg. De Chef huet den Armagnac konfiskéiert ! Ech hunn e gedoe mir eng Quittung ze schreiwen an hunn ëm nach gesot, ech géif drop halen, dass mäi Cognac net gedeeft géif ginn, iert ech en erëm krit. Du huet e mer dohi gebass, dee krit ech net erëm. Natierlech hunn ech mueres um aacht mäi Schwoer um Büro ugeruff. An ech mengen du sinn d’Telefonen an der Stad woarm gelaf. Um zwielef, d’Schoul woar just aus, du schellt et. Wie stoung vrun der Dir mat enger Bonbonne am Grapp an engem bedepperte Gesiicht ? Mä e konnt sech et net verknäifen, eng Bemierkung ze maachen, ech hätt Protektioun, mä déi nächst Kéier géif dat net esou einfach goen !


 
Déi Douanieren haten d’Gewunnecht hiren Auto am Schoulhaff bei der Goulette ze wäschen. Mat deene meeschten woar gutt fueren. Enges Daags woaren se erëm do. Deen een huet säi Rimm mam Revolver ausgedoen an en op den Daach vum Auto geluecht. Wéi se fäerdeg woaren, si se Richtung Kierch fortgefuer. Ech hunn hinnen nach nogeruff, mä si hunn net héieren. Eng Zäitchen drop si se erëmkomm an hunn op der ganzer Streck nom Revolver gesicht. Dee woar verschwonne. Ech hunn och ni am Duerf erausfonnt, wien e fonnt hat !


 
Eise Paschtouer ass mueres op Esch an de Lycée schaffe gefuer. Si mussen deen um Napp gehat hunn, well si hunn en zimlech dacks uewe bei der bloer Brak ugehal a säin Auto duerchsicht.

 


 
Enges Daags huet e Bekannten eis vu Mamer heembruet. Hie woar Feinmechaniker, spezialiséiert op Instrumenter vun Zänndokteren. An deen Owend hat hien eng ganz Zänndokteschinstallatioun an der Mall, déi hie sollt nokucken. Géint zwou Auer hunn d’Douanieren hien uewen um Bierg ugehal an ënnersicht. En ass mat op d’Zentral geholl ginn. Dat huet déi ganz Nuet gedauert, den Dokter huet missen erklären, wéi déi Saach woar. Ni méi kommen ech op Lasauvage, sot eise Bekannten herno Ufanks der siechzéng Joren ass nach ëmmer vill geschmuggelt ginn. Iwwert de Boulesterrain. Dee läit hallef op franséischem Territoire. Ech hunn eng Kéier d’Woch do gespillt an hu méi wéi eng Kéier gesi, wéi Motorseeën, Fëschstäbchen an aner Saachen Iwwergedroe si ginn. Vu Surfrance (Wee fir op Zounen hanner dem Boule-Terrain) konnt een deemools nach mam Auto déi aner Säit bis bei den Terrain kommen.”      

 

(Fortsetzung in der nächsten Nummer)

 

 

 

Informations